Podcast
Invité:e vum Dag
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Episodes
De President vum Cercel vun den Zänndokteren iwwer déi aktuell Onzefriddenheet vum Beruffsstand a méiglech Ausweeër aus där aktueller Kris.
Wat ass d'Roll vun der Gewerbeinspektioun a Saache Mobbing op der Aarbechtsplaz?
Theemen: 50 Joer staatlech Pressehëllef zu Lëtzebuerg a Mindesalter fir Social-Media-Notzung.
D’FEDIL fuerdert, datt déi europäesch a Lëtzebuerger Wirtschaft gestäerkt ginn an de Relatioune mat China. Brauch et also méi Protektionismus an der EU? Kann Europa sech deen iwwerhaapt erlaben, en vu…
D'COP31 goung ouni Accord op en Enn. Wéi eng Konsequenze wäert deen Echec hunn?
Vum 21. bis 25. November ass d'Gastronomie-Foire an der Luxexpo. Häerzstéck ass wéi all Kéier de Culinary World Cup, bei deem Kach-Ekippen aus der ganzer Welt ëm d'Trophäe kämpfen.
Wéi vill Aarbechtsplaze riskéieren zu Lëtzebuerg duerch d'Kënschtlech Intelligenz ze verschwannen? Ënner anerem dat froe mir d'Direktesch vum Aarbechtsamt.
Den CNFP warnt op en Neits, d'Staatsfinanze géife riskéieren, aus dem Rudder ze lafen. Mee lauschtert d'Regierung iwwerhaapt op déi Warnungen? Mir froen den CNFP-President.
An den Nopeschlänner bréngt d'Jugend hir Onzefriddenheet op der Strooss zum Ausdrock. Mir froen den Okaju, wéi onzefridden d'Lëtzebuerger Jugend ass.
Viru 20 Joer ass d'Gemeng Tandel aus der Fusioun vu Baastenduerf a Furen entstan. Mir froen d'Buergermeeschtesch, ob d'Fusioun haut vu jidderengem als Succès gesi gëtt.
D'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.
Mir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft
Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
Méi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend ëmsetzen.
Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat…
Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat…
D'SAT ASBL këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. Hire Chargé de direction erkläert firwat.
Ass d'Défaite vum Donald Trump senge Republikaner eng gutt Nouvelle fir Europa? Déi Fro stelle mir dem DP-Europadéputéierten.
Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.